Liewens Beräich

Nieft dem edukativen Projet ass d’Zil vun onsen Entscheedungen ëmmer och d’Gläichgewiicht an Harmonie vum Liewewiesen. Dës Philosophie bréngt eis natierlech zu der Entscheedung vir een duerch an duerch gesond an nohaltegt Ëmfeld.

Ons Raimlechkeeten sinn entwéckelt vir jiddereen – Kanner, Elteren an Personal – ze erméiglechen vun den Beräicher ze profitéieren, ze Entdecken, sech ze Entfalen andeems d’Rou, d’Raschten an d’Intimitéit vun jidderengem respektéiert gëtt.

D’Oftrennungen goufen virgeholl vir d’Geräicher and den Kamméidi op e minimum ze reduzéieren woubäi d’Luuchten an d’Ofdunkelungen den jeweilegen Aktivitéiten ugepasst sinn : Seiste, Liessen, Sangen, Bastelen, Kachen, Spillen etc.

D’Materialien sinn ausgewielt no verschiddenen Kriterien : Natierlech, Recyclabel, net traitéiert Holz, natierlechen Wuess an Haarz, natierlech Faarf an Vernis.

Een intimen an gemittlechen Uert, belicht oder donkel, roueg oder haart, vir ze feieren oder ze raschten oder ze léieren. Een idealen Liewensberäich vir jiddereen zu all Moment vum Dag vun den Kanner oder hiren Betreier. 

Agreéiert Crèche - Chèques Service