Den Empfangsberäich ass speziell entwéckelt vir den Kanner an hiren Elteren en doucen Iwwergang tëschent dem Familljeliewen an der Crèche ze erméiglechen.
Fotoen, déi den Dagesoflaf vun den Kanner weisen souwéi Kachrezepter stinn den Elteren online zu Verfügung. Vir dorop zouzegräifen braucht dir een Zougangscode, deen dir am Sekretariat kënnt ufroen.
D’Elteren hunn Zougang zu der Bibliothéik an den Spillsaachesammlung vir Saachen auszeléinen, déi si interesséieren kéinten.
Konferenzen a Seminairen ginn an Zesummenaarbecht mam Centre de Formation InterActif ënnert der Leedung vum Alain Thiry ugebueden. Dës fannen am selwechten Gebai um Wandhaff, bei Stengefort stat
Aner Konferenzen kënnen op Demande organiséiert ginn ënnert Berécksichtegung vun dem wat d’Elteren interesséiert.